Header Image - EduTrends

This is my archive

Déi zweet Editioun vun der EduTrends-Konferenz huet sech de 5. a 6. Juni mat alle Facettë vun der Digitalitéit an der Bildung beschäftegt. Ronn 280 Leit hunn de 5. Juni um Optakt am Kinepolis um Kierchbierg deelgeholl an ëm déi 200 Leit hunn d’Workshoppen um zweeten Dag um Belval besicht. Digital Trends, Outilen, Kompetenzen esou wéi och d’Kënschtlech Intelligenz an d’Zukunft vun der Bildungslandschaft an der digitaler Welt stoungen déi béid Deeg am Vierdergrond.

Kënschtlech Intelligenz an der Bildung: Chancen an Erausfuerderungen
Den éischten Owend, deen a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, stattfonnt huet, gouf vun engem Keynote-Speech vum Pavle Madzirov, engem däitsche Schouldirekter an Auteur vu ville Bicher iwwer d’Kënschtlech Intelligenz an der Welt vun der Bildung markéiert, an dat ënnert dem Titel: „Künstliche Intelligenz als Katalysator für Innovationen in der Bildung“. De Pavle Madzirov huet vu senge ganz konkreten Erfarunge mat der KI bei der Verbesserung vun de Prozesser a senger Schoul geschwat. Uschléissend sinn national an international Experten a kuerzen Impulsreferaten aus ënnerschiddleche Perspektiven op déi digital Trends an der Bildung agaangen.

Eng grouss Panoplie u Workshoppen, fir d’Thematik vun der Digitalitéit ze verdéiwen
Um zweeten Dag vun der EduTrends-Konferenz konnten d’Participantë vill Workshoppen, Demonstratiounen an eng Foire ronderëm déi nei digital Outilen am Bildungsberäich entdecken. Eng gutt Geleeënheet, fir Informatiounen an Iddien zum Thema ze sammelen. D’Workshoppen hunn sech ënnert anerem mat der Integratioun vun der Kënschtlecher Intelligenz an de Léierprozess, dem Impakt vun de soziale Medien op d’Wuelbefanne vun deene Jonken, den ethesche Reegele fir d’KI am Schoulsall vun der Zukunft, dem Asaz vun „Augmented Reality“, fir d’Léieren ze konkretiséieren, der Cybersécherheet ewéi och de Méiglechkeeten, déi den Asaz vun Tablet-computeren an der Schoul därzäit an an Zukunft bitt, befaasst.

Entdeckt d’Fotosgalerie vun der EduTrends-Konferenz 2024.

All d’Informatioune ronderëm dësen Event an enger App!

Déi 2. Editioun vun den EduTrends steet virun der Dier. De 5. a 6. Juni sti ganz am Zeeche vun der Digitalitéit an dofir fannt Dir dëst Joer all d’Informatioune ronderëm d’Konferenz an enger Event-App.
D’App liwwert Iech méi Detailer iwwert de Programm, d’Riedner, d’Workshops an d’Exposanten. An der App kënnt Dir iech direkt fir de groussen Event am Kinepolis um Kierchbierg a fir déi sëllege Workshops um Belval aschreiwen.
Falls Dir iech scho fir dës Konferenz ugemellt hat, sidd Dir ugemellt, Dir musst Iech aus Organisatiounsgrënn trotzdeem nach emol an der App aschreiwen (souwuel fir den Event am Kinepolis ewéi fir d’Workshops um Belval).
Et gëtt och eng Web-Versioun vun der Applikatioun, wann Dir d’App net wëllt eroflueden.

Registréiert Iech an der EduTrends-App

Méi Informatiounen zum Aschreiwen an der App fannt Dir am Video:

D’Highlights vun der Konferenz, déi a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, stattfënnt: de Pavle Madzirov, Bestseller-Auteur a Schouldirekter SAB Duisburg mat engem Keynote-Speech zu „Technologische Trends: KI als Treiber für Bildungsinnovationen”;kuerz Impuls-Rieden aus verschiddene Beräicher (Schüler, Experten, Consultanten etc.);Workshops zu den Trends, Tools a Kompetenzen, déi d’Bildungslandschaft an enger digitaler Welt prägen:

  • de Pavle Madzirov, Bestseller-Auteur a Schouldirekter SAB Duisburg mat engem Keynote-Speech zu „Technologische Trends: KI als Treiber für Bildungsinnovationen”;
  • kuerz Impuls-Rieden aus verschiddene Beräicher (Schüler, Experten, Consultanten etc.);
  • Workshops zu den Trends, Tools a Kompetenzen, déi d’Bildungslandschaft an enger digitaler Welt prägen:
  • Léiere mat KI
  • AI & ethics
  • Klassesall vun der Zukunft
  • Accessibilitéit
  • Apple Education
  • Augmented reality
  • Beruffer an der IT
  • Design thinking
  • Bildschirmzäit
  • Bien-être numérique
  • iPad an der Klass
  • BookWidgets
  • ChatGPT
  • MS 365 Education
  • Cybersecurity
  • Kreativitéit
  • Serious games
  • Digital game based learning
  • Minecraft
  • Biases in AI
  • Blended learning
  • a villes méi.

An der App fannt Dir detailléiert Beschreiwunge vun alle Workshops, der Sprooch, an der se stattfannen, an de Speakeren. Eng Aschreiwung fir eenzel Ateliere moies an/oder mëttes ass méiglech. 

Kuckt Iech den detailléierte Programm vun der EduTrends-Konferenz an der App un!

EduTrends-Konferenz-App

All d’Informatioune ronderëm dësen Event an enger App! Déi 2. Editioun vun den EduTrends steet virun der Dier. De 5. a 6. Juni sti ganz… Read More