Spille mécht staark.
Mat der non-formaler Bildung fit fir d’Zukunft.
Fir eng gesond Screen-Life-Balance kréie Spillen an Beweegung eng ëmmer méi wichteg Bedeitung am Liewe vun de Kanner. Spillen ass vill méi wéi Fräizäit: Et ass Léieren, Entdecken a Wuessen. Am Spill entwéckele Kanner wichteg Kompetenze fir hir Zukunft. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an d’AQUEN (Agence pour le développement de la qualité dans les secteurs de l’Enfance et de la Jeunesse) haten den 10. an 11. Juni d’EduTrends-Konferenz organiséiert.