Déi zweet Editioun vun der EduTrends-Konferenz huet sech de 5. a 6. Juni mat alle Facettë vun der Digitalitéit an der Bildung beschäftegt. Ronn 280 Leit hunn de 5. Juni um Optakt am Kinepolis um Kierchbierg deelgeholl an ëm déi 200 Leit hunn d’Workshoppen um zweeten Dag um Belval besicht. Digital Trends, Outilen, Kompetenzen esou wéi och d’Kënschtlech Intelligenz an d’Zukunft vun der Bildungslandschaft an der digitaler Welt stoungen déi béid Deeg am Vierdergrond.

Kënschtlech Intelligenz an der Bildung: Chancen an Erausfuerderungen
Den éischten Owend, deen a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, stattfonnt huet, gouf vun engem Keynote-Speech vum Pavle Madzirov, engem däitsche Schouldirekter an Auteur vu ville Bicher iwwer d’Kënschtlech Intelligenz an der Welt vun der Bildung markéiert, an dat ënnert dem Titel: „Künstliche Intelligenz als Katalysator für Innovationen in der Bildung“. De Pavle Madzirov huet vu senge ganz konkreten Erfarunge mat der KI bei der Verbesserung vun de Prozesser a senger Schoul geschwat. Uschléissend sinn national an international Experten a kuerzen Impulsreferaten aus ënnerschiddleche Perspektiven op déi digital Trends an der Bildung agaangen.

Eng grouss Panoplie u Workshoppen, fir d’Thematik vun der Digitalitéit ze verdéiwen
Um zweeten Dag vun der EduTrends-Konferenz konnten d’Participantë vill Workshoppen, Demonstratiounen an eng Foire ronderëm déi nei digital Outilen am Bildungsberäich entdecken. Eng gutt Geleeënheet, fir Informatiounen an Iddien zum Thema ze sammelen. D’Workshoppen hunn sech ënnert anerem mat der Integratioun vun der Kënschtlecher Intelligenz an de Léierprozess, dem Impakt vun de soziale Medien op d’Wuelbefanne vun deene Jonken, den ethesche Reegele fir d’KI am Schoulsall vun der Zukunft, dem Asaz vun „Augmented Reality“, fir d’Léieren ze konkretiséieren, der Cybersécherheet ewéi och de Méiglechkeeten, déi den Asaz vun Tablet-computeren an der Schoul därzäit an an Zukunft bitt, befaasst.

Entdeckt d’Fotosgalerie vun der EduTrends-Konferenz 2024.